Wee si mir?

1982 gouf zu Groussbus eng Sektioun vun der Amiperas gegrënnt, déi wéinst Divergenzen  am nationalen Daachverband, am Joer 2006 opgeléist ginn ass.

Dorops hin gouf dunn den 24. Mee 2006 zu Groussbus een neie Veräin ënnert dem Numm Freizeitfrënn Gemeng Groussbus a.s.b.l. gegrënnt. Déi nei Statuten goufen den 19. Juli 2006 beim Enregistrement zu Dikrech hannerluecht.

Am éischte Comité waren:

Zampicinini Joseph, President, Majerus Emile, Vize-President, Martin-Schroeder Jeanny, Sekretär, Martin Joseph, Caissier, Ewertz-Wagener Maria, Hoffmann-Mangen Lucie, Lentz Margot, Olsem Alphonse, Schroeder-Seyler Annette, Memberen.

Den Zweck vun eisem Veräin ass et fir déi eeler Generatioun aus der Gemeng an Ëmgéigend, egal vu wellechem Alter, Geschlecht, Hierkonft oder Relioun, reegelméisseg zesummen ze bréngen, fir hinnen d'Geleeënheet ze bidden Ofwiesslung vum Alldag ze ginn, an dat, an aller Frëndschaft.

Deen ofwiesslungsräiche Programm fannt dir an eisem Menü "Kalenner".